The Horseblinders
Date:
Friday, 1 May, 2026 - 20:00
Genre:
concert
Type:
songwriting
Tickets:
20
Am Joer 2019 war et esou wäit: de Roger Melcher an de Roland Meyer vun de “Winklepickers” hu sech mam Jacques Bock a Jacques Ruppert vun de “Crossroads” zesummegedoen an de Mulles Scholtes vun de “Convertibles” nach dobäi geholl. A fäerdeg war déi nei Lëtzebuerger “Supergroup”: “The Horse Blinders”. Dunn hu mer eis verstäerkt: den Ron Mullenders um Bass, den Dan Eischen bedéngt d’Tasten an d’Noémie Leer spillt d’Gei a séngt.
Kräftegen, intelligenten a lëschtegen Rock-Blues-Pop mat lëtzebuergesch Texter, dat ass de Programm.
“Mir lauschteren d’Horse Blinders well et e Stéck Lëtzebuerger Kultur ass!”
Partners:
Ale Kino sarl, Ville de Vianden
