Engel vs Engel

Date: 
Saturday, 9 June, 2018 - 20:30
Genre: 
theater

“RIDO OP” presentéiert
Engel VS Engel
No engem Stéck vum Walter G. Pfaus, (Wenn der Vater mit dem Sohne...) frei iwwersat an adaptéiert vum René Engel.
 
Zum Inhalt:
T ‘Mamm ass an t ‘Kur.  Dass dann de Papp mol een iwwert den Duuscht drénkt, a moies den Toast verbrennt, schéngt dann nët méi wéi normal. Mee net normal sinn déi méi wéi bosseg Diskussiounen, déi de Papp an de Jong doriwwer féieren. Do geet et ëm Aarbecht a Krankheet. De Bouf huet frei, an « erfreet » säin Papp mat engem Zaubertrick, den awer schonn e puermol net geklappt huet. Natierlech sinn och t ‘Fraen an t ‘Bestueden en Thema. Obwuel de Papp sengem Bouf dovunner ofréit, wëll de Jong sech awer bestueden, a wëll vum Papp erkläert kréien wéi en sech soll uleeën. Fro ass am Endeffekt, wien dann iwwerhaapt de Chef doheem ass.

René Engel & Laurent Engel
Technik: Gérard Schockmel
Mask: Carole Spinelli
Assistenz: Pitti Feyder
Produktioun a Regie: Liette Engel & René Engel

Den 08., 09. An 10. JUNI 2018 um 20:30 Auer
Am ALE KINO (23, Grand-Rue) zu Veianen
Entré e : EUR 12.- / Reservatioun : 691 849 398

Partners: 
Rido Op