Am Joer 2019 war et esou wäit: de Roger Melcher an de Roland Meyer vun de “Winklepickers” hu sech mam Jacques Bock a Jacques Ruppert vun de “Crossroads” zesummegedoen an de Mulles Scholtes vun de “Convertibles” nach dobäi geholl. A fäerdeg war déi nei Lëtzebuerger “Supergroup”: “The Horse Blinders”. Dunn hu mer eis verstäerkt: den Ron Mullenders um Bass, den Dan Eischen bedéngt d’Tasten an d’Noémie Leer spillt d’Gei a séngt.
Kräftegen,...

